Europadag
Als Europadag ginn zwéin Deeg am Joer bezeechent, déi als Feierdag fir Europa zielen: de 5. Mee gëtt un d'Grënnung vum Europarot, an den 9. Mee un d'Schuman-Deklaratioun erënnert.
5. Mee – Europadag vum Europarot
[änneren | Quelltext änneren]Dësen Europadag, deen de Ministercomité 1964 agefouert huet, erënnert un d'Ënnerschreiwe vun der Charta vum 5. Mee 1949 zu London, mat där den Europarot gegrënnt gouf.
9. Mee – Europadag vun der Europäescher Unioun
[änneren | Quelltext änneren]Op Grond vun enger Iddi vum Jean Monnet, huet de franséischen Ausseminister Robert Schuman den 9. Mee 1950 an enger Ried zu Paräis virgeschloen, eng Produktiounsgemeinschaft fir d'Kuel- a Stolproduktioun ze schafen. Dës Ried gouf als Schuman-Deklaratioun bekannt a war den Urspronk fir d'Grënnung vun der Europäescher Communautéit fir Stol a Kuel (CECA), aus där méi spéit déi haiteg Europäesch Unioun entstanen ass.
Beim Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen 1985 zu Mailand gouf beschloss, als Erënnerung un dëst Evenement, all Joer den 9. Mee den „Europadag vun der Europäescher Unioun“ z'organiséieren, op deem elo zanter 1986 vill Manifestatiounen a Festlechkeete gemaach ginn. Gläichzäiteg hunn d'Fonctionnairë vun den EU-Institutiounen op deem Dag fräi.
Offizielle Feierdag
[änneren | Quelltext änneren]Am Kosovo ass de Europadag den 9. Mee (alb.: Dita e Evropës) e gesetzleche Feierdag. Zu Lëtzebuerg gouf, op Propositioun vun der Regierung, den Europadag ((fr) Journée de l'Europe) 2019 als e gesetzleche Feierdag agefouert[1],[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Europadag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Den Europadag vum Europarot (de) op coe.int
- Den Europadag vun der Europäescher Unioun (de) op europa.eu
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Legale Congé an Europadag - Méi Fräizäit schonn dëst Joer op rtl.lu den 8. Januar 2019
- ↑ Loi du 25 avril 2019 portant modification: 1. des articles L. 232-2 et L. 233-3 du Code du travail ; 2. de l'article 28-1 de la loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l'État op legilux.lu, gekuckt den 30. Abrëll 2019