Universitéit vu Kalifornien (Los Angeles)
University of California, Los Angeles | |
---|---|
(UCLA) | |
Typ | staatlech Fuerschungsuniversitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA, Universitéit, Campus, Organisatioun |
Land | Vereenegt Staate vun Amerika |
Uertschaft | Los Angeles |
Schülerzuel | 44.589 |
September 2020; 1. September 2021 | |
Ënnersteet der/dem | University of California |
Gegrënnt | 24. Juli 1919 |
Koordinaten | 34°4'20"N, 118°26'34"W |
Um Spaweck | https://ucla.edu |
D'University of California Los Angeles (UCLA) gouf 1919 gegrënnt an ass deen zweetgréisst Campus vun der University of California. D'UCLA ass eng vun de renomméiertste Universitéite vun der Welt a steet am Staddeel Westwood vu Los Angeles. Besonnesch d'Business School, d'John E. Anderson Graduate School of Management, erreecht all Joer Top-Rankingen. Am USNews-Ranking vun 2009, iwwer all US-amerikanesch Business Schools hat si d'Plaz 7, nach virun der Havard Business School oder Berkeleys Haas Business School.
D'Universitéit ass zanter 1927 zu Westwood Village tëscht Belair a Beverly Hills, virdun war si an der Vermont Avenue. D'Héichschoul ass Member vun der Association of American Universities, an där déi wichtegst fuerschungsintensiv nordamerikanesch Universitéiten zesummegeschloss sinn.
Studieméiglechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]- UCLA College of Letters and Science
- Geeschteschwëssenschaften
- Liewenswëssenschaften
- Physical Sciences
- Sozialwëssenschaften
- Undergraduate Education
- International Institute
- Gesondheetswëssenschaften
- Medezin (David Geffen School of Medicine)
- Neuropsychiatric Institute
- Ëffentlech Gesondheet
- Fleg
- Zännmedezin
- Professional Schools
- Ingenieurswëssenschaften an ugewandte Wëssenschaften (Henry Samueli School of Engineering and Applied Science)
- Konscht an Architektur
- Ëffentlech Ugeleeënheeten
- Pedagogik an Informatiounswëssenschaften
- Rechtswëssenschaften
- Theater, Film a Televisioun
- Wirtschaftswëssenschaften (Anderson School of Management)
Rankings
[änneren | Quelltext änneren]D'UCLA gëllt als eng vun de renoméiersten Héichschoule vun der Welt.
- D'UCLA beleet am Times Higher Education Ranking 2010 vun den 200 beschte Universitéite weltwäit déi 11. Plaz nach virun der Columbia University zu New York oder de Ivy League-Universitéite University of Pennsylvania (Upenn) a Cornell University.
- D'UCLA steet op Plaz 12 vum Newsweek Ranking weltwäit.
- 2007 an 2008 erreecht d'UCLA déi 13. Plaz weltwäit an der berüümten Top 500 World Universities-Ranking vum Institute of Higher Education at Shanghai Jiao Tong University.
- Si gouf vun de U.S. News and World Report 2008 als drëttbescht ëffentlech Universitéit vun den USA agestuuft.
- An der Newsweek-Editioun vum 21.–28. August 2006 gouf d'UCLA als eng vun de „New Ivies” opgelëscht.
- D'Washington Monthly placéiert d'UCLA op Plaz 2 an den USA a baséiert sech op Krittäre wéi Fuerschung, community service a social mobility.
- d'SCImago Institutions Ranking (SIR) placéiert d'UCLA op Plaz 9 vun de 100 weltwäit beschte Recherche-Institutiounen.
Bekannt Perséinlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]Nobelpräisdréier
[änneren | Quelltext änneren]- Paul Delos Boyer – Nobelpräis Chemie, 1997
- Donald J. Cram – Nobelpräis Chemie, 1987
- Louis J. Ignarro – Nobelpräis Medezin/Physiologie 1998
- Willard Frank Libby – Nobelpräis Chemie 1960
- Elinor Ostrom – Nobelpräis Wirtschaftswëssenschaften 2009
- Bertrand Russell – Nobelpräis Literatur 1950
- Julian Seymour Schwinger – Nobelpräis Physik 1965
Politik
[änneren | Quelltext änneren]- Michael Dukakis – Demokratesche Presidentschaftskandidat, fréiere Gouverneur vu Massachusetts
- Al Gore – Demokratesche Presidentschaftskandidat, fréiere Vizepresident vun de Vereenegte Staaten
- Warren Christopher – fréiere Justizminister ënner dem US-President Lyndon B. Johnson, Vizeausseminister ënner dem US-President Jimmy Carter an Ausseminister ënner dem US-President Bill Clinton.
Geeschtes-, Sozialwëssenschaften a Konscht
[änneren | Quelltext änneren]- Kenny Burrell – Jazzgittarist
- Rudolf Carnap – Sproochphilosoph
- Alonzo Church – Sproochphilosoph an Informatiker
- Jared Diamond – Geograph
- Carlo Ginzburg – Historiker
- Peter Ladefoged – Linguist
- Julián Marías Aguilera – Philosoph
- Bertrand Russell – Philosoph
- Hans Wagener – Germanist
- Karl With – Konschthistoriker
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- Troy Aikman - Foussballspiller
- Tom Fears - Foussballspiller
- John Wooden – Basketballtrainer
Naturwëssenschaft an Technologie
[änneren | Quelltext änneren]- George Ogden Abell – Astronom
- Alonzo Church – Informatiker
- Sheldon Kay Friedlander – Ingenieur
- Christian Fronsdal (* 1931) – theoreetesche Physiker
- Alan Kay – Informatiker
- Fraser Stoddart – Cheemiker
- Terence Tao – Mathematiker
Absolventen
[änneren | Quelltext änneren]Nobelpräisdréier
[änneren | Quelltext änneren]- Ralph Bunche – Friddensnobelpräis 1950
- Robert Bruce Merrifield – Nobelpräis Chimie 1984
- Glenn Theodore Seaborg – Nobelpräis Chimie 1951
- William F. Sharpe – Nobelpräis Wirtschaftswëssenschaften 1990
- Elinor Ostrom – Nobelpräis Wirtschaftswëssenschaften 2009
Konscht, Film a Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rochelle Ashana – Schauspillerin
- Sean Astin – Schauspiller
- James Robert Baker – Schrëftsteller
- Warren Barker – Komponist
- Elizabeth Berkley – Schauspillerin
- Jan Berry – Sänger
- Shane Black – Dréibuchauteur
- Lloyd Bridges – Schauspiller
- Judy Chicago – Kënschtler
- James Coburn – Schauspiller
- Francis Ford Coppola – Regisseur a Produzent
- James Dean – Schauspiller
- Brad Delson – Gittarist vu Linkin Park
- Ryan Dusick – Museker
- Dave Farrell – Bassgittarspiller Linkin Park
- James Franco – Schauspiller
- Greg Graffin – Sänger vu Bad Religion
- Mariska Hargitay – Schauspillerin
- Mark Harmon – Schauspiller
- James Horner – Filmkomponist
- Anthony Kiedis – Sänger vu Red Hot Chili Peppers
- David Koepp – Dréibuchauteur
- Heather Locklear – Schauspillerin
- Masiela Lusha – Schauspillerin[1]
- Jayne Mansfield – Schauspillerin
- Ray Manzarek – Keyboardspiller vu The Doors
- Danica McKellar – Schauspillerin
- Jim Morrison – Sänger vu The Doors
- Randy Newman – Museker
- Alexander Payne – Regisseur
- Autumn Reeser – Schauspillerin
- Rob Reiner – Regisseur
- Tim Robbins – Schauspiller
- Paul Schrader – Dréibuchauteur a Regisseur
- Harry Shearer – Schauspiller a Komödiant
- Armin Shimerman – Schauspiller
- Brad Silberling – Regisseur a Dréibuchauteur
- David Silverman – Filmproduzent
- Tom Skerritt – Schauspiller
- Darren Star – Filmproduzent
- Ben Stiller – Schauspiller a Komödiant
- George Takei – Schauspiller
- Harry Turtledove – Schrëftsteller
- Gabrielle Union – Schauspillerin
- Gore Verbinski – Regisseur
- Sean Whalen – Schauspiller
- Jaleel White – Schauspiller
- John Williams – Filmkomponist
- Lynne Willingham – Filmediteurin
Politik
[änneren | Quelltext änneren]- Roberto Madrazo – Presidentschaftskandidat
- John Ehrlichman – Beroder vum US-President Richard Nixon
- Harry Robbins Haldeman – Chief of Staff vum US-President Richard Nixon
- Dennis Ross – US Diplomat
- Ted Stevens – Senator vun Alaska
- Antonio Villaraigosa – Buergermeeschter vu Los Angeles
Recht a Wirtschaft
[änneren | Quelltext änneren]- Johnnie Cochran – Affekot
- Michael Newdow – Jurist
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- Kareem Abdul-Jabbar – Basketballspiller
- Troy Aikman – American Foussballspiller
- Arthur Ashe – Tennisspiller
- Evelyn Ashford – Liichtathleet, Olympiagewënner
- Don Barksdale – Olympiagewënner
- Toby Bailey – Basketballspiller
- Carlos Bocanegra – Foussballspiller
- Jimmy Connors – Tennisspiller
- Denny Crum – Basketballtrainer
- Baron Davis – Basketballspiller
- Gail Devers – Liichtathleetin, Olympiagewënnerin
- Kenny Easley – American Foussballspiller
- Benny Feilhaber – Foussballspiller
- Brad Friedel – Foussballspiller
- Joanna Hayes – Hürdeleefer, Olympiagewënner
- Monique Henderson – Liichtathleetin, Olympiagewënnerin
- Rafer Johnson – Olympiagewënner
- Cobi Jones – Foussballspiller
- Florence Griffith-Joyner – Liichtathleetin, Olympiagewënnerin
- Jackie Joyner-Kersee – Liichtathleetin, Olympiagewënnerin
- Charles Kiraly – Volleyballspiller
- Michelle Kwan – Äisleeferin (Tanz)
- Carnell Lake – American Foussballspiller
- Reggie Miller – Basketballspiller, Olympiagewënner
- Jackie Robinson – Baseballspiller
- Woody Strode – Foussballspiller a Schauspiller
- Lisa Marie Varon– Wrestlerin
- Bill Walton – Basketballspiller
- Marcus Cassel – Foussballspiller
- Kamani Hill – Foussballspiller
Naturwëssenschaft an Technologie
[änneren | Quelltext änneren]- Molefi Kete Asante – Grënner vun der Afrozentrismustheorie
- Paul Baran – Informatiker (Internet)
- Barry W. Boehm – Informatiker
- Carlos Castaneda – Anthropologe
- Vinton G. Cerf – Informatiker (Internet)
- Walter Cunningham – Astronaut
- Robert von Dassanowsky – Historiker, Filmproduzent
- Biruté Galdikas – Primatolog
- Geoffrey Marcy – Astronom
- Story Musgrave – Astronaut
- John Lynch Phillips – Astronaut
- Jonathan Postel – Informatiker (Internet)
- Hilary Putnam – Philosoph
- Elliott See – Astronaut
- Fred Whipple – Astronom
Verschiddener
[änneren | Quelltext änneren]- Chris „Jesus“ Ferguson – Pokerspiller
- Kelly Perdew – Gewënner vun der TV-Show The Apprentice
- Ubol Ratana – Prinzessin vun Thailand
Referenzen
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: University of California, Los Angeles – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- UCLA Homepage
- Florian Rötzer, Auf Extremistenjagd unter Dozenten (Telepolis, 19. Januar 2006)